Aller directement vers le contenu
Image: Logo CGAL
page d'accueil  contact  chercher  plan du site  Créez une version optimisée pour imprimer cette page  Deutsch
Chambre des Députés

30.01.2007

Question parlementaire dans la Chambre des Députés

Lisez ici une question parlementaire qui, suite à notre initiative, a été posée par la députée Martine Stein-Mergen au ministre de transport Lucien Lux le 30 janvier 2007. La question s'agit du transport des déficients visuels accompagnés d'un chien guide d'aveugle et/ou d'une personne voyante dans les trains publics. La question a été posée en langue luxembourgeoise.


Chambre des Députés

Mardi, 30 janvier 2007 SÉANCE  19


Question N°144 du 30 janvier 2007 de Madame Martine Stein-Mergen relative à l'accompagnement des personnes aveugles détentrices d'une carte d'invalidité C, adressée à Monsieur le Ministre des Transports

>>> Mme Martine Stein-Mergen (CSV).

Här President, Här Transportminister, meng Frënn vun der Association des amis et maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg hu mech op e Problem opmierksam gemaach, deen si am Moment mat der Eisebunn hunn. Ech wëll virausschécken, dass si dësem Problem op kengem aneren öffentlechen Transportmëttel begéinen, well et e bëssen eng Fro vun Interpretatioun ass.

En fait ass d'Begleedung vun Handicapéierten am öffentlechen Transport geregelt iwwer e Règlement ministériel vum 2. Februar 2006, wou virgesinn ass, dass: «La personne accompagnant une personne titulaire de la carte d'invalidité C» - dat ass bei Malvoyanten a Blannen de Fall - «bénéficie également de la gratuité du transport.» An: «Le chien accompagnant un aveugle est transporté gratuitement.»

D'CFL interpretéiert elo dësen Text esou, dass entweder eng Persoun oder en Hond ka gratis matfueren. Elo ass et awer esou, dass de Malvoyant oder de Blannen, dee gewinnt ass, sech mat sengem Hond ze déplacéieren, sech kann op dee verloossen, fir Obstaclen aus dem Wee ze goen oder och e bësse sech am Verkéier erëmzefannen, mä de Mupp ass net amstand erauszefanne wellechen Zuch op wellechem Quai fortfiert, wéi eng Zuchendier opgeet - well do gëtt et verschidden Typen -, wéini dass de richtegen Arrêt erreecht ass, well en fait déi Meldungen iwwer Lautsprecher oft onverständlech sinn.

Dat kéint zwar vläicht de Lassie, mä esou en Hond gëtt et leider net a Wierklechkeet. Et gëtt eng sechs bis aacht ausgebilte Blannenhënn hei zu Lëtzebuerg. Et geet also am Prinzip net ëm vill Suen.

Ech wollt och nach bemierken, dass de Règlement ministériel mëssverständlech formuléiert ass, well ënner engem «chien accompagnant un aveugle» kann een egal wellechen Hond verstoen. Et wier besser, wann den Term géif duerch deen ersat ginn, deen am Text iwwert d'Fleegeversécherung steet, nämlech «le chien guide d'aveugles». Ech wéilt also den Här Transportminister froen, ob et méiglech ass, bei der CFL anzewierken, fir dass souwuel de Blannenhond wéi och eng Persoun dës visuell Handicapéiert kënne begleeden; ob et net méiglech wier, den Text esou ze änneren an deem Sënn, wéi ech elo grad gefrot hunn; an d'Blannenhënn bei där Geleeënheet och vum Droe vum Maulkuerf ze entbannen, well déi Hënn sinn alleguerten terribel brav an harmlos.

Ech soen Iech Merci.


>>> M. le Président.

Merci, Madame Stein. Den Här Transportminister Lucien Lux.


>>> M. Lucien Lux,Ministre des Transports.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ech si mat der Demande, déi hei formuléiert ginn ass vun der honorabeler Madame Stein d'accord an allen Hisiichten a wäert an der Tarifgestaltung deementspriechend mat der Eisebunn Kontakt ophuelen.


>>> Plusieurs voix.

Très bien!

 

 

page précédente haut de page page suivante
page précédente haut de page page suivante

 

Chiens Guides d'Aveugles au Luxembourg   -   www.chienguide.org