Aller directement vers le contenu
Image: Logo CGAL
page d'accueil  contact  chercher  plan du site  Créez une version optimisée pour imprimer cette page  Deutsch
Papperlapapp

Papperlapapp
LGS Zeitung Nr. 10/2004 (01.07.2004)

WAAT HEESCHT HEI « KUCK MÉI WÄIT » ?

Eng flott Rencontre mat den « Amis et maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg »

Am leschte Joer hu mir d'Thema "eis Sënner" behandelt, an do kënnt natierlech dann och "Gesinn" dra vir. Während e puer Versammlungen hu mir dëst Thema behandelt, bis ee sot: "Ech gesinn dat NET!". An ob eemol war eist ganzt Thema a Fro gestallt.

"Kuck méi wäit" - dëst soll eist Thema fir déi nächst 2 Joer sinn. Mee waat as, wann een net gesäit, oder nëmme ganz schlecht? Fir ob dës Fro kënnen ze äntwerten, hu mir eis mam Thema "Blann sinn" beschäftegt. Doropshin hu mir Kontakt mat den « Amis et Maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg » opgeholl. Dëst ass eng Associatioun dei probéiert Blanneféierhënn u blann Leit, oder u Leit, déi ganz schlecht gesinn, ze vermëttelen.

Mir hun eis dunn den 24. Abrëll 2004 zu Beetebuerg am Home, mat 5 Leit vun dëser Associatioun an 2 vun hieren Hënn getraff. Mir haten natierlech vill Froen an hunn nach méi Äntwerte kritt.

E Blanneféierhond muss eng speziell Ausbildung kréien. Leider gëtt et hei am Land keng Schoul dofir. Et muss een also an Frankräich goen.

Et ginn 3 haapt Rassen, déi dofir am beschte gëeegent sinn: Labrador, Golden Retriever an däitsche Schéiferhond. Den Kinnékspuddel gëtt geholl, falls een Allergien op den Pelz huet.

Mat 2 Méint mussen dës Hënn schonn hiren éischten Test maachen. Hei gëtt gekuckt, ob si e Blanneféierhond kënne ginn oder net.

Tëschent 2 an 12 Méint kënnt den Hond an eng "Famille d'accueil". Hei gëtt en déi Grondsaachen geléiert (propper sinn, follegen, sozialen Ëmgank mat Leit ...).

Tëschent 12 an 18 Méint léiert en dann alles, wat en als Blanneféierhond wësse muss: wéi wäit muss ee laanscht e Lutepotto goen, fir dass déi blann Persoun net dra knuppt; wéi no um Bord vum Trootoir muss en sech sëtzen fir dass deen, deen e féiert, net schonn hallef an der Strooss steet; wéi geet ee richteg mat sengem Meeschter d'Trap erop...

Foto: Déi 5 Leit vun der Blanneféierhondsassociatioun

Déi meescht Blanneféierhënn si kastréiert/steriliséiert, fir éventuellen domat verbonnenen Problemer aus dem Wee ze goen. Soss sin dës Hënn awer genee wéi all aaneren Hond och.

Foto: D’Tornade seet moien

Natierlech muss och deen, deen esou en Hond kritt an eng "Schoul". Hei léiert hien, wei eng Kommandoen et ginn, wéi hie mam Hond ëmzegoen huet an wat dem Hond säi Verhale sengem Meeschter wëll soen.

Et muss ee wëssen, datt een esou en Hond nëmme kritt, wann engem doduerch den Alldag méi einfach gemaach gëtt.

Am Fong gëtt et kee Mindestalter, mee wann, da géif e bei 16 Joer leien. Leider gëtt et awer eng laang Wardezäit (2-3 Joer).

Am Ufank ass et schwéier, fir sech op den Hond verloossen ze kënnen. Duerfir geet dann och déi éischt 14 Deeg dem Hond säin Trainer mat bei déi betraffe Persoun heem.

Wei gesäit elo esou een Alldag aus?

Den Hond ass vu muerges wou een opsteet, bis owes, wou een sech erëm leeë geet, derbäi. Et ass net esou, datt den Hond alles eleng mécht. Hie brauch och Kommandoe, wei z.B. lénks, riets, géi... Dat wat den Hond mécht, ass ee ronderëm en Hindernis ze féieren, een ze warnen dass en Trottoir oder Trapen do sinn, ... .

Wärend senger Aarbeschtszäit huet den Hond den "Harné” un. Dëst ass eng Zort Grëff, wou de Blannen, oder deen, dee schlecht gesäit sech festhält. Domadder spiert en dann, wat den Hond mecht, a wéi eng Richtung hie geet, ob hie stoe bleift, ... .

Foto: De Präsident Roland Welter mecht eng Demonstratioun

Den Hond as praktesch déi ganzen Zäit am Gaang ze schaffen. Sou muss hien zum Beispill e spezielle Kommando kréien, fir datt hie spillen oder sech propper maache geet.

Den Hond gesäit natierlech net, datt et gréng ass, oder wéi ee Bus elo kënnt. Duerfir si blann Leit dann ob eis Hëllef ugewisen. Et soll een net den Hond heemelen, oder him eppes ze iesse ginn. Si ginn doduerch ofgelenkt a kënnen hir Aarbecht net gutt maachen. Et kann een awer dee Blannen froen, ob een dat dierf. Et soll een och net e Blannen einfach upaken, mee fir d'éischt mat him schwätzen.

Den Hond geet och mat opt d'Aarbescht. Hien dierf iwwerall goen, och dohin, wou "normal” Hënn net däerfen, wei z.B. bei e Metzler.

Si ginn esou guer mat an d'Vakanz, a wann ee mam Fliger flitt, ass den Hond nieft sengem Meeschter.

Foto: De Blanneféierhond Orfee

E Blanneféierhond ass kee Wuechthond. Hie mécht näischt Béises. En ass net do, fir op d'Haus opzepassen, mee fir säi Meeschter ze "féieren”, fir fir hien ze gesinn.

Et kascht näischt fir esou een Hond ze kréien. Dës Hënn gi gratis vun deene verschiddene Schoulen ausgebild an zur Verfügung gestallt. Eng Ausbildung kascht awer tëschent 15.000 € an 20.000 €. D'Schoulen an d'« Amis et Maîtres de chiens guides d'aveugles au Luxembourg » kënnen duerfir just duerch Spenden dëst erméigelechen.

Foto: De Blanneféierhond Tornade

Falls dir elo nach Froen hutt oder méi iwwert si wësse wëllt, da gitt am beschten op hiren Internetsite : www.chienguide.org kucken.

Mir soen hinnen ob jiddefall e grousse MERCI fir dës flott Rencontre a wënschen hinnen nach vill Erfolleg.

AvEx vun Betebuerg

 

 

page précédente haut de page page suivante
page précédente haut de page page suivante

 

Chiens Guides d'Aveugles au Luxembourg   -   www.chienguide.org